Hesper iwwerrennt iwwerdeems Wuermer mat 7:0. D'Millebaach wënnt an setzt sech un d'Spëtzt.

Am nationale Futtball stoung an der Éierepromotioun den 18. Spilldag um Programm. D'Supporter sollten um Sonndeg vill Goler ze gesi kréien.

D'US Esch hat Biissen op Besuch, ma et sollt awer keng erfollegräich Rees fir d'Männer aus Biissen ginn, dëst well si zu Esch mat 2:5 verléieren.

Iwwerdeems konnt Mäertert-Waasserbëlleg Jonglënster weider op Distanz halen, si géint den Opsteiger mat 1:0 gewonnen hunn.

Am Kampf géint den Ofstig sollt et beim Duell tëscht Ierpeldeng a Kanech kee Gewënner ginn. Um Enn geet d'Partie 3:3 aus.

Wuermer bleift um Wupp vun der Tabell hänken. Géint Hesper gouf et eng héich 0:7-Néierlag.

Mamer huet iwwerdeems 0:2 géint Wolz verluer a bleift och ënnen an der Tabell mat dobäi.

D'Millebaach bleift duerch eng 3:1-Victoire zu Sandweiler un der Spëtzt vun der Tabell.