Bei den 10 Kilometer setzt sech den Däitschen Torsten Jacob duerch.

De Belsch Roger Königs vum Celtic Dikrech konnt sech um Enn mat enger Zäit vun 1 Stonn 11 Minutten a 27 Sekonnen iwwert déi éischte Plaz freeën. Zweete gouf de Mohammed Hussein, dëst 8 Sekonne virum Laurent Reichling, deen Drëtte gouf, a soumat dee beschte Lëtzebuerger war.

Bei den 10 Kilometer gouf et eng Victoire vir den Torsten Jacob aus Däitschland, dee 35 Minutten an 20 Sekonne gebraucht hat. Zweete gouf de Lëtzebuerger Frank Schweitzer, déi drëtte Plaz war vir de Serge Bertemes.

Bei de 5 Kilometer war de Lëtzebuerger Sven Oly dee Séiersten. No 16 Minutten a 50 Sekonne koum hien iwwert d'Arrivée a war soumat eng hallef Minutt méi séier wéi de Pitt Schneider. Drëtte gouf hei de Noahl Herard.