Mat Mäertert-Waasserbëlleg steet eng Ekipp aus der Éierepromotioun an der Halleffinall. Den F91 huet d'Verlängerung gebraucht, d'Etzella d'11m-Schéissen.

E Mëttwoch den Owend stoungen am nationale Futtball d'Véierelsfinalle vun der Coupe um Programm. Mat Mäertert-Waasserbëlleg an der Millebaach ware jo zwou Ekippen aus der Éierepromotioun esou wäit komm, fir de Rescht waren et Ekippen aus der BGL Ligue: Etzella, Stroossen, Rouspert, Munneref, Nidderkuer an den F91.

AUDIO: Resume Futtball-Coupe: De Reportage vum Serge Olmo

D'Partie Mäertert-Waasserbëlleg géint Rouspert gouf um 19.30 Auer ugepaff, an do konnt d'Éierepromotioun d'Nationaldivisioun iwwerraschen; déi aner 3 Partien - Etzella-Stroossen, Millebaach-Nidderkuer an F91-Munneref - ware fir 20 Auer ugesat.

A vun deene war just Millebaach-Nidderkuer no 90 Minutten entscheet, an zwar fir de Progrès. Déi aner zwou Partië goungen an d'Verlängerung, wou sech Diddeleng géint Munneref duerchsetze konnt, bei Etzella-Stroossen huet mussen d'Eelefmeterschéissen entscheeden an do waren um Enn déi Ettelbrécker déi méi glécklech.

Etzella-Stroossen 8:7 (no Eelefmeterschéissen)

Beim Match Ettelbréck géint Stroossen war fir Spannung gesuergt, well béid Ekippen aktuell op engem identeschen Niveau spillen. dat huet sech dann och am Resultat ausgedréckt, op d'mannst emol no 90 Minutten ... Awer der Rei no:

An der 24. Minutt huet de Jager fir d'Gäscht getraff, dat no enger flotter Viraarbecht mam Kapp vum Delgado. Den Ex-Etzella-Spiller huet de Jager an der Spëtzt perfekt zerwéiert, deen huet de Ball iwwer de Grub gelobt an dat ronnt Lieder versenkt.

Mat dësem 1:0 fir Stroossen goung et och an d'Paus. Et war an den éischte 45 Minutten eng schwaach Performance vu béide Formatiounen zu Ettelbréck. Ma et war awer d'UNA vu Stroossen, déi vun enger Onopmierksamkeet an der Ettelbrécker Defense profitéiere konnt an op 1:0 gesat huet.

No der Paus konnt d'Ekipp vum Claude Ottelé awer reagéieren, well an der 60. huet de Pimentel egaliséiert: 1:1! De Ralph Schon hat bei sengem secke Schoss an de laangen Eck absolut keng Chance.

Et war also nees alles op, ma keng vu béiden Ekippe konnt am 2. Duerchgang der Partie de Stempel opdrécken an de Match entscheeden: Also 1:1 no 90 Minutten a Verlängerung!

Ma an der Verlängerung sollt och kee Gol falen, och wann déi ganz spannend an e gudde Krack besser wéi den eigentleche Match war, dofir huet et mussen an d'Eelefmeterschéisse goen.

An och dat huet eng Verlängerung gebraucht, well nodeems déi éischt 5 Spiller vu béiden Ekippe geschoss haten, stoung et 4:4, et huet also musse weider geschoss ginn ...

Um ass et d'Etzella, déi sech iwwer eng 8:7-Victoire freeë kann an an der Halleffinall steet.

F91-Munneref 3:2 (no Verlängerung)

Am Stade Jos Nosbaum hat Diddeleng Munneref op Besuch, also en Duell tëscht Veräiner aus der BGL Ligue.

An do haten d'Gäscht dee besseren Depart, well an der 12. Minutt huet de Yao e wäite Ball vum Taarimte genotzt, fir den 1:0 ze schéissen. An der 25. huet dunn den Taarimte selwer getraff an domat stoung et 2:0 fir d'US Mondorf.

Ma nach virun der Paus ass dem F91 de wichtegen 1:2 gelongen: An der 44. kann de Pokar verkierzen. Den agewiesselte Kenia setzt sech iwwert d'Breet vum Terrain gutt duerch a spillt de Ball da vertikal an de Strofraum, wou de Pokar de Ball kontrolléiert an eraschéisst.

An der 76. war et dunn den 2:2 duerch de Perez, dee sech am Munnerefer Strofraum duerchsetze kann. Also alles nees op ...

Well et och no 90 Minutten nach gläich stoung, goung et an d'Verlängerung an do huet den Ibrahimovic an der 102. Minutt mam 3:2 den F91 an d'Halleffinall geschoss, well de Munnerefer sollt kee Gol méi geléngen.

Millebaach-Nidderkuer 0:3

D'Millebaacher kënnen den Exploit vu Mäertert-Waasserbëlleg net kopéieren a verléieren als Vertrieder vun der Éierepromotioun géint de Vertrieder aus der BGL Ligue, well um Enn ka sech Nidderkuer kloer mat 3:0 duerchsetzen.

An der 25. Minutt huet de Schneider den 1:0 geschoss - e verongléckte Schoss vum Ramdedovic war beim Schneider gelant.

Mat dëser héich verdéngter Féierung goung et an d'Paus. D'Millebaach hat et immens schwéier a krut offensiv praktesch näischt zestanen.

An der 60. Minutt huet de Muratovic mat engem Schlenzer an de rietsen Eck den 2:0 geschoss an an der 90. huet den De Almeida souguer nach op 3:0 erhéicht.

D'Victoire vun Nidderkuer war zu kengem Ament eeschthaft a Gefor an domat steet de Progrès dann och verdéngt an der Halleffinall.

Millebaach-Nidderkuer / © Bob Leven

Mäertert-Waasserbëlleg - Rouspert 2:0

Zu Waasserbëlleg hat d'Lokalekipp aus der Éierepromotioun den Noper aus der BGL Ligue vu Rouspert op Besuch huet. Et war schonns laang hier an der Geschicht vu Mäertert-Waasserbëlleg, dass si an der 1/4-Finall vun der Coupe waren ...

An den éischte 45 Minutte sinn awer keng Goler gefall, logescherweis goung et mat engem Remis an d'Paus, mat engem gerechten: D'Gäscht hate wuel méi Ballbesëtz, awer si konnten dat net konkretiséieren. D'Lokalekipp hat mat Engagement versicht, dergéint ze halen.

An déi Lokalekipp huet dunn an der 51. Minutt getraff: De Ball ass mam Kapp vun engem Rousperter Defenseur ofgewiert ginn, ma bei engem flaache Schoss vum Adachi vu lénks an de kuerzen Eck hat de Bürger am Gol keng Chance. Den Adachi hat einfach op de Gol geschoss a sech net laang Froe gestallt ... a gouf belount.

An der 59. war et du souguer den 2:0 - dat per Wäitschoss aus 50 Meter. De Besch hat gesinn, dass de Rousperter Kipper ze wäit virum Gol stoung a säi wonnerschéine "Lop" ass am Filet gelant.

Bei deem Resultat ass et dann och bliwwen, well déi Rousperter hu kee Rezept géing d'Lokalekipp fonnt. Pech hate se allerdéngs bei engem Schoss op de Potto.

Domat steet d'Ekipp aus der Éierepromotioun an der Halleffinall vun der Coupe.