Beim ITF-Tournoi zu Sunderland a Groussbritannien konnt d'Eléonora Molinaro en Dënschdeg géint Morderger gewannen.

Déi 18 Joer jonk Lëtzebuergerin wënnt nämlech an der 1. Ronn vun der Qualifikatioun däitlech mat 6:3 a 6:1 géint d'Lokalmatadorin Grace Piper. Am nächsten Tour ass d'Spillerin vun der Schéiss op d'Tayisiya Morderger aus Däitschland, déi am éischten Tour vum Abandon vum Maria Gutierrez Carrasco profitéiert huet, getraff. Och hei konnt d'Eléonora Molinaro gewannen, dat mat 7:6 a 6:4 an domat steet si am Haapttableau. Do kritt si et e Mëttwoch mat der Lokalmatadorin Harriet Dart ze dinn, déi op 1 gesat ass bei dësem Tournoi.