Hien hat no den 10 Kilometer e Virsprong vun 49 Sekonnen op de Luca Volta.

Um Sonndeg stoung den 42. Tour de Dudelange an der Liichtathletik um Programm. Um Enn war de Max Lallemang dee Séiersten. Op der Arrivée hat de Leefer vun der CA Fola eng Avance vun 49 Sekonnen op Luca Volta. Drëtte gouf de Paulo Ramos.

Als beschten Damm koum d'Liz Weiler als 15. iwwert d'Arrivée, dëst virum Anja Dziadek, dat dat 26. gouf.