A senger Editioun vum Méindeg kënnt de "Kicker" op de Lien vum President vu Stuttgart Wolfgang Dietrich mat engem Fong zu Lëtzebuerg ze schwätzen.

Dee Fong huet anere Futtballveräiner wéi Kaiserlautern, Heidenheim an Union Berlin Suen zougesprach, ier datt den Dietrich op Stuttgart koum. Deemools sot hien, all Lien mam Quattrex-Fong géing der Vergaangenheet ugehéieren.

De "Kicker" huet elo erausfonnt, datt hien iwwer Ëmweeër haut nach indirekt Sue kritt aus deene Geschäfter, Konkurrente vu Stuttgart um Terrain. De Veräin selwer seet, déi Bedeelegunge wiere kee Problem, och d'DFL wier där Meenung. Affaire à suivre.