Vum 10. Abrëll bis de 14. Abrëll waren zu Stettin a Polen d'Europameeschterschaften am Konschtturne bei den Hären an de Fraen.

Et war eng reng Eenzelkompetitioun, esou dass keng Ekippe-Kompetitioun war. Op all eenzelem Gerät goufe Medaile verdeelt, ma et gouf och een All-Around, dat heescht, wou een all Gerät huet missen turnen an do sinn déi eenzel Wäertungen zesummegerechent ginn.

Bei den Damme sollt sech d'Mélanie de Jesus dos Santos aus Frankräich als déi stäerksten Athletin erausstellen. Déi 19 Joer al Turnerin war an der Qualifikatioun nëmmen déi 3. ginn, an der Finall huet si dunn awer hiert ganzt Kënnen ënner Beweis gestallt a sech fir d'éischte Kéier zur All-Around-Europameeschterin gekréint. Virun der leschter Rotatioun louch si nach op der 2. Plaz, mä um Buedem huet si dunn nach d'Ellie Downie iwwerholl, fir den Titel ze gewannen. D'Ellie Downie aus Groussbritannien, dat am Joer 2017 Gold gewonnen hat, krut dës Kéier Sëlwer. Déi grouss Favoritin, déi an der Qualifikatioun och am beschte war, d'Angelina Melnikova koum nëmmen op déi drëtte Plaz.

Vu lénks no riets: Ellie Downie, Mélanie de Jesus dos Santos, Angelina Melnikova / © AFP

Fir d'Mélanie de Jesus dos Santos sollt dës Goldmedail awer net déi eenzeg bleiwen. Um Buedem konnt si nämlech och Gold gewannen an op der Putter krut si Sëlwer.

Bei den Häre goung Gold un den Nikita Nagornyy. Den Athlet aus Russland war dominant a wënnt um Enn souverän viru sengem Landsmann an aktuelle Weltmeeschter Artur Dalaloyan. Bronze goung un de Marios Georgiou aus Zypern. Den Titelverdeedeger Oleg Verniaiev ass net un den Depart gaangen. Hien ass just bei verschiddene Geräter un den Depart gaangen an och do ass den Turner aus der Ukrain senger Form hannendru gelaf. Den Nikita Nagornyy konnt sech dann och nach um Barren d'Goldmedail sécheren.

Vu lénks no riets: Artur Dalaloyan, Marios Georgiou, Nikita Nagornyy / © AFP

D'Russen an d'Russinnen hu bei dëser Turn-Europameeschterschaft nees hir Dominanz ënner Beweis gestallt, well si hu ganzer 7 vu méiglechen 12 Goldmedaile gewonnen.

Bei den Dammen ass dann och mam Celeste Mordenti eng Lëtzebuergerin un den Depart gaangen. Am All-Around kënnt si an der Qualifikatioun op déi 58. Plaz an domat hat si sech net fir d'Finall qualifizéiert.

Fraen

All-Around

1 Mélanie de Jesus dos Santos 55.433
2 Ellie Downie 55.365
3 Angelina Melnikova 55.065
4 Alice D'Amato 53.233
5 Anastasia Bachynska 53.133
6 Giorgia Villa 52.999
7 Diana Varinska 52.999
8 Lorette Charpy 52.433

Sprong

1 Maria Paseka 14.516
2 Coline Devillard 14.450
3 Ellie Downie 14.316
4 Asia D'Amato 14.233
5 Angelina Melnikova 14.133
6 Denisa Golgotă 14.116
7 Sára Péter 14.066
8 Teja Belak 13.249

Vu lénks no riets: Coline Devillard, Maria Paseka, Ellie Downie / © AFP

Stufebarren

1 Anastasia Ilyankova 14.833
2 Angelina Melnikova 14.533
3 Alice D'Amato 14.400
4 Anastasiya Alistratava 14.366
5 Jonna Adlerteg 14.300
6 Lorette Charpy 14.100
7 Mélanie de Jesus dos Santos 13.766
8 Sanna Veerman 12.366

Putter

1 Alice Kinsella 13.566
2 Mélanie de Jesus dos Santos 13.466
3 Lorette Charpy 12.900
4 Ilaria Käslin 12.833
5 Denisa Golgotă 12.166
6 Pauline Schäfer 11.700
7 Anastasia Bachynska 11.633
8 Giorgia Villa 11.200

Vu lénks no riets: Alice Kinsella, Lorette Charpy, Mélanie de Jesus dos Santos / © AFP

Buedem

1 Mélanie de Jesus dos Santos 13.833
2 Eythora Thorsdottir 13.666
3 Angelina Melnikova 13.466
4 Denisa Golgotă 13.366
5 Claudia Fragapane 13.366
6 Jade Vansteenkiste 13.233
7 Alice Kinsella 13.100
8 Marine Boyer 12.933

Hären

All-Around

1 Nikita Nagornyy 88.665
2 Artur Dalaloyan 87.832
3 Marios Georgiou 84.398
4 Joe Fraser 84.365
5 Ahmet Önder 84.299
6 Petro Pakhniuk 83.298
7 James Hall 83.097
8 Artur Davtyan 83.097

Buedem

1 Artur Dalaloyan 15.100
2 Artem Dolgopyat 14.900
3 Dmitrii Lankin 14.800
4 Benjamin Gischard 14.500
5 Alexander Shatilov 14.466
6 Rayderley Zapata 14.466
7 Ahmet Önder 14.100
8 Nicola Bartolini 14.066

Pauschepäerd

1 Max Whitlock 15.533
2 Cyril Tommasone 14.800
3 Vladislav Polyashov 14.600
4 Nikita Nagornyy 14.466
5 Ferhat Arıcan 13.866
6 Brinn Bevan 13.400
7 Oleg Verniaiev 13.200
8 Marios Georgiou 13.000

Vu lénks no riets: Cyril Tommasone, Max Whitlock, Vladislav Polyashov / © AFP

Réng

1 Denis Ablyazin 14.966
2 Marco Lodadio 14.966
3 Vahagn Davtyan 14.933
4 Nikita Nagornyy 14.900
5 Courtney Tulloch 14.766
6 Samir Aït Saïd 14.733
6 Artur Tovmasyan 14.700
8 Igor Radivilov 13.933

Sprong

1 Denis Ablyazin 14.950
2 Andrey Medvedev 14.699
3 Artur Dalaloyan 14.533
4 Yahor Sharamkou 14.516
5 Benjamin Gischard 14.483
6 Nicola Bartolini 14.449
7 Igor Radivilov 14.233
8 Courtney Tulloch 13.383

Parallel-Barren

1 Nikita Nagornyy 15.466
2 Petro Pakhniuk 15.333
3 Ferhat Arıcan 15.033
4 Artur Dalaloyan 14.966
5 Ahmet Önder 14.833
6 Christian Baumann 14.566
7 Brinn Bevan 14.533
8 Oleg Verniaiev 13.133

Reck

1 Epke Zonderland 15.266
2 Tin Srbić 14.900
3 Artur Dalaloyan 14.800
4 Carlo Macchini 14.066
5 Ludovico Edalli 13.433
6 Ivan Stretovich 12.533
7 Ahmet Önder 12.466
8 James Hall 1.500

Vu lénks no riets: Tin Sribic, Epke Zonderland, Artur Dalaloyan / © AFP