Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt de Sven Loscheider net méi Trainer vu Rëmeleng ass. Hien, grad ewéi säi Co-Trainer hunn demissionéiert.

Bis Enn der Saison iwwerhëlt elo de Gérard Jeitz, dee jo och President ass. De Jeitz gëtt assistéiert vum Jérôme Winckel a Siebert Marcin.

Rëmeleng läit den Ament op der leschter Plaz an der Tabell an der BGL Ligue. Si hunn de leschte Weekend auswäerts géint d'Fola mat 7:0 verluer.