De Belsch konnt a Mexiko op der Bunn an enger Stonn 55,089 Kilometer fueren.

De Victor Campenaerts huet am Aguascalientes Bicentenary Vëlodrome a Mexiko en neie Stonne-Weltrekord am Cyclissem opgestallt. De 27 Joer ale Belsch huet a 60 Minutten 55,089 Kilometer hannert sech bruecht.

Domadder huet de Campenaerts den ale Rekord vum Bradley Wiggins, deen 2015 zu London 54,526 Kilometer gefuer ass, gebrach.

Hei d’Evolutioun vum Stonne-Weltrekord an der jéngster Vergaangenheet:

Jens Voigt 51,11 km

Matthias Brändle 51,852 km

Rohan Dennis 52,491 km

Alex Dowsett 52,937 km

Bradley Wiggins 54,526 km