RTL-Informatiounen no iwwerhëlt den Nationaltrainer fir eng Saison, duerno kucke béid Säiten da virun.

De Ken Diederich gëtt vun der nächster Saison un neien Trainer vum T71 Diddeleng.

Den aktuellen Trainer Pascal Meurs hat jo schonn annoncéiert, net zu Diddeleng ze bleiwen.

Den T71 spillt e Samschden an der Finall vum Championnat géint d‘Etzella. D'Finall gëtt am Best-of-five-Modus gespillt.