Um Freideg den Owend gouf de kompletten 22. Spilldag an der Éierepromotioun gespillt.

Am Spëtzematch huet den éischte vu Rodange misste bei den zweeten op d'Millebaach reesen. Ma hei blouf et beim 1:1, esou datt Rodange weider un der Spëtzt vun der Tabell läit, mat 49 Punkten an 2 Avance op Millebaach.

Hesper da ka sech mat 5:0 géint Ierpeldeng duerchsetzen an duerch d'0:1-Néierlag vun der US Esch zu Jonglënster sti si elo eleng op der 3. Plaz mat 46 Punkten, dat dräi virun Esch.

Um Wupp vun der Tabell konnt sech Wuermer 1 Punkt zu Käerjeng sécheren, domadder ass et hiren 9. an dëser Saison. Béid Ekippe virun hinnen, Sandweiler (14 Punkten) an Ierpeldeng (17), konnten net gewannen.