Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun beim WTA Tennis Tournoi zu Stuttgart konnt sech d'Lëtzebuergerin an zwee Sätz behaapten.

Bei der 2. Qualifikatiounsronn vum WTA Tennis Tournoi zu Stuttgart konnt sech d'Mandy Minella an zwee Sätz mat 7:5 a 6:1 géint d'Anna Kalinskaya gewannen. D'Lëtzebuergerin, déi den Ament op Plaz 108 an der Weltranglëscht ass, konnt sech deemno géint d'Russin vun der Plaz 185 behaapten.