Souwuel d'Dammen aus Frankräich ewéi och aus Australien konnte sech e Sonndeg duerch eng 3:2-Victoire fir d'Finall vum Fed Cup qualifizéieren.

Frankräich konnt sech mat 3:2 géint Rumänien duerchsetzen an Australien mat 3:2 géint Wäissrussland. Fir Frankräich huet d'Halleffinall alles aneschters ewéi gutt ugefaangen, well d'Kristina Mladenovic huet direkt den éischte Match verluer, dat mat 3:6 an 1:6 géint d'Simona Halep. Am Uschloss konnt d'Caroline Garcia awer op 1:1 stellen, dat no enger knapper Victoire géint d'Mihaela Buzarnescu. Ma och d'Garcia war dono dem Simona Halep ënnerleeën. Déi fréier Nummer 1 vun der Welt konnt also op 2:1 stellen. dono war et awer d'Pauline Parmentier, wat sech géint d'Irina Begu duerchsetze konnt a Frankräich esou an den Dubbel gerett huet. Hei war et vun Ufank u ganz spannend an enk, ma um Enn wanne Mladenovic a Garcia mat 5:7, 6:3 a 6:4 géint Halep an Niculescu.

Australien konnt sech de Weekend da voll a ganz op hir Nummer 1 Ashleigh Barty verloossen. Déi jonk Australierin konnt an hiren zwou Partien d'Aryna Sabalenka an d'Victoria Azarenka bezwéngen. Zwar hunn d'Azarenka an d'Sabalenka allebéid hire Simple géint d'Samantha Stosur gewonnen, ma am Dubbel hunn d'Wäissrussinne sech dunn nawell misse geschloe ginn.

D'Finall ass dann den 9. an 10. November.