Dat gutt Wieder vun de Méindeg huet och dem CAE Gréiwemaacher an d'Kaarte gespillt. Den 41. Ouschterlaf war nämlech nees e grouss Succès.

Vun deene ronn 700 Leefer a Leeferinnen déi e Méindeg de Moien op der Umeldungslëscht stoungen, hat sech een Drëttel kuerz virum Depart ageschriwwen.

Et war schonn eng Iwwerraschung, dass de Mëttelstreckespezialist Charel Grethen um Depart war. Dat hat eppes dermat ze dinn, dass d'Championnat vun der Arméi, Douane a Police an den Ouschterlaf integréiert war. Als Sportzaldot huet den CSL-Athlet drop gehalen, fir mat derbäi ze sinn.

Domadder war och e spannenden Duell tëschent dem Charel Grethen an dem Yonas Kinde ugesot, deen a leschter Zäit mat enger Entzündung vun der Achillessehn ze kämpfen huet. De Charel Grethen kënnt aus engem Stage aus Amerika an huet de Yonas Kinde bei Kilometer 7 fortzéie gelooss.

De Charel Grethen gëtt hannert dem Yonas Kinde 2. a Champion vun de Forces Publiques virum Christophe Kass.

Wärend dem Wanter hat een esou gutt wéi näischt vum Jessica Schaaf héieren. Och um Cross-Championnat huet d'Folasleeferin gefeelt. E Méindeg ass si allerdéngs déi Éischt ginn. Hannert dem Jessica Schaaf gëtt d'Anette Jaffke 2.

D'Stëmmung um Ouschterméinde war positiv zu Maacher, och bei deenen, déi léiwer nokucke wéi lafen. An de Kannercourssen huet wéi gewinnt déi gréng Faarf dominéiert, déi vum Maacher Veräin.