E Méindeg de Mëtteg gouf um Holleschbierg am Basket bei den Espoiren d'Finall vum Championnat gespillt.

Et waren d'Espoire vum Basket Esch, déi hei hiren Alterskollege vun der Sparta iwwerleeë waren. Esch wënnt de Match um Enn 68:62 a sinn domat Champion an hirer Altersklass.