Am Futsal konnt den FC Déifferdeng 03 e Méindeg den Owend d'Finall vun der Coupe de Luxembourg fir sech entscheeden.

Si gewannen an der Finall kloer mat 9:2 géint d'US Esch. Fir den Déifferdenger Veräin ass et déi éischte Kéier, dass si d'Coupe de Luxembourg am Futsal gewannen.

Déifferdeng war vun Ufank un déi besser Ekipp a si konnte schonns no 4 Minutten duerch de Carlos Frederico Trancoso Silva Santos a Féierung goen. Nëmmen 3 Minutte méi spéit huet den Ernad Masic schonns op 2:0 erhéicht. Zwar konnt d'US Esch direkt dono op 1:2 verkierzen, ma Déifferdeng konnt nach virun der Paus 3 weider Goler markéieren, esou dass d'Decisioun eigentlech schonns an der Paus gefall war.

An der Paus gouf et dann nach een Optrëtt vun den Chearleader, ier déi Déifferdenger an der zweeter Hallschent weider dominéiert hunn. 4 weider Goler fir den FCD03 an nëmmen 1 fir d'US Esch, dat bedeit eng 9:2-Victoire fir Déifferdeng. Beschte Spiller war wuel de Ruben Daniel Reis Lemos, deen den Escher ganzer 4 Gackelcher an d'Nascht leeë konnt.