Den Éisträicher Oliver Glasner wäert déi nächst Saison op der Bänk vum VFL Wolfsburg sëtzen. Dat huet de Veräin matgedeelt.

De 44 Joer alen Trainer kënnt vum Linzer ASK a léist no dëser Saison de Bruno Labbadia of.

Wolfsburg steet aktuell op der 9. Plaz an huet 4 Punkte Réckstand op déi international Plazen, dat 4 Matcher viru Schluss vun der Saison.