Wéinst der Halleffinall vun der Europa League huet d'DFL d'Rhein-Main-Derby vun Eintracht Frankfurt géint den FSV Mainz 05 verluet.

Normalerweis schreift d'DFL-Spilluerdnung vir, dass déi béid lescht Spilldeeg vun der Bundesliga ëmmer gläichzäiteg solle stattfannen. Ausname ginn et awer och,  wann ee Veräin un enger internationaler Competitioun deelhëlt. Dëst d'Kéier och beim Fussballveräin Eintracht Frankfurt, deen an d'Halleffinall vun der Europa League komm ass. Fir de Spiller eng kuerz Rou nom Réckspill géint den FC Chelsea ze gënnen, gëtt hire Match géint den FSV Mainz 05 vu samschdes dem 11 Mee op sonndes den 12 Mee verluet.