Wéi de Veräin op hirer Facebooksäit matdeelt, géif de Bob Melcher déi nächst Saison net méi am Kader vun der éischter Ekipp vum Veräin stoen.

Grond dofir wier, datt de 24 Joer jonke Lëtzebuerger Nationalspiller säi Studium am Ausland wéilt maachen a sech hei voll a ganz op de Master wëll konzertéieren.

D'Amicale wënscht him dobäi vill Erfolleg.