2:0 ka sech Manchester City e Mëttwoch den Owend géint d'Stadrivale vu Manchester United duerchsetzen, duerch Goler vu Bernardo Silva a Leroy Sané.

Dat Spannendst um Nodrosmatch vum 31. Spilldag war am Fong awer de "Fernduell" mat Liverpool.

Hätt Manchester City nämlech just gläichgespillt oder souguer verluer, wier Liverpool dräi Spilldeeg viru Schluss vum Championnat mat 1 oder 2 Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt bleiwen.

Esou awer ass City nees ganz uewen an der Premier League, wann och just mat der hauchdënner Avance vun engem Punkt.

Am Duell géint United konnt sech City e Mëttwoch 2:0 am Nodrosmatch behaapten.

De Bernardo Silva huet an der 54. Minutt fir den 1:0 gesuergt, de Leroy Sané an der 66. fir den 2:0.

Et bleift spannend an der Premier League, wou Manchester City a Liverpool den Titel ënnert sech ausmaachen. Ma och ëm d'Plazen hannendru gëtt nach gekämpft ...