An der Coppa Italia huet sech Bergamo nom 3:3 am Allersmatch en Donneschdeg den Owend mat 2:1 géint Florenz behaapt.

Am italienesche Futtball hat Lazio Roum e Mëttwoch den Owend schonn den Ticket fir d'Finall vun der Coppa Italia geléist. Nom 0:0 am Allersmatch konnt d'Ekipp vum Inzaghi sech duerch eng knapp 1:0-Auswäerts-Victoire géint den AC Mailand behaapten. De Correa hat an der 58. Minutt den decisive Gol geschoss.

An der Finall de 15. Mee kritt Lazio Roum et mat Atalanta Bergamo ze dinn. Nom 3:3 am Allersmatch huet Bergamo sech en Donneschdeg den Owend mat 2:1 géint den AC Florenz behaapt. An der 3. Minutt war Florenz duerch e Gol vum Muriel mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 14. Minutt huet den Illicic per Eelefmeter op 1:1 ausgeglach. Bergamo wär dëse Remis schonn duergaangen, ma de Gomez huet fir d'Lokalekipp an der 69. Minutt dunn awer alles kloer gemaach a mam 2:1 fir d'Decisioun gesuergt.