Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Wiesbaden an Däitschland huet d'Lëtzebuergerin an 3 Sätz géint d'Cagla Buyukakcay verluer.

Nodeems d'Eléonora Molinaro d'Qualifikatioun beim ITF-Tournoi zu Wiesbaden gutt iwwerstanen hat, war d'Lëtzebuergerin e Mëttwoch am 1. Tour vum Haapttableau gefuerdert.

D'Lëtzebuergerin huet sech hei missen no 2 Stonnen an 42 Minutten an 3 Sätz mat 6 (6):7, 6:4 an 1:6 géint d'Cagla Buyukakcay geschloe ginn.

D'Tierkin steet an der Weltranglëscht op der 255. Plaz, d'Eléonora Molinaro ass d'Nummer 495.