E Sonndeg huet Hiefenech matgedeelt, datt een de Kontrakt vum aktuelle Coach Angel Aranda Saiz net wäert verlängeren.

Ënnert der Leedung vum Angel Aranda Saiz huet Hiefenech dës Saison den Opstig an d'Total League gepackt.

Vun der nächster Saison un iwwerhëlt de Portugis Daniel Brandao d'Verantwortung a wäert sech Haaptsächlech ëm den Häreberäich këmmeren.

Schreiwes vun Hiefenech:

Den Daniel Brandão wäert nom Depart vum Angel Aranda déi nächst Saison Härecoach bei eis ginn. Obwuel hien nach ganz jonk ass, huet de portugisesche Level III Trainer schonns vun 2003 un éischt Erfarungen am Coaching gesammelt an déi lescht 6 Joer huet hien Hären Equippen trainéiert. Déi vergaangen 2 Joer war hien an der 1 portugisescher Divisioun täteg, nodeems hien 2016/2017 mat Terceira Basket Champion vun der 2.Divisioun ginn ass an hien huet et fir d’éischt an der Geschicht vun deem Club fäerdeg bruecht an der Top Liga ze bleiwen. Den Daniel wäert bei eis och d’Häre B an eis Scolaires iwwerhuelen. De ganze Club wënscht eisem neie Coach fir déi nächst Saison vill Succès. Häerzlech wëllkomm Daniel!