Déi 19 Joer jonk Anne Simon spillt zanter dëser Saison fir de BBC Gréngewald-Hueschtert.

Um Ufank vun dëser Saison ass déi 1.75 Meter grouss Nationalspillerin vu Saarlouis zeréck an Total League gewiesselt, dat zesumme mam Trainer Hermann Paar.

D‘Kombinatioun Paar-Simon huet dann ageschloe wéi eng Bomm. Mat enger Finall souwuel am Championnat, wéi an der Coupe, ass den Gréngewald d’Iwwerraschungsekipp vun der Saison. Trotz de Blessuren an den Ofgäng hätt dës Saison net besser fir d'Damme vum Gréngewald kënne lafen.

Den Hermann Paar, aktuellen Trainer vum BBC Gréngewald, ass ob allen Fall houfreg, esou eng Spillerin am Kader ze hunn. Scho vun der U14 u huet den Trainer d'Anne Simon begleet. Si huet vu klengem u dru geschafft, fir eng Kéier Profi ze ginn.

De Basket hëlt e groussen Deel vum Anne Simon sengem Liewen an. Am Ufank stoung awer mam Turnen eng aner Sportaart am Virdergrond, ier d'Basketspillerin vun enger Cousine de Ball gewise krut. An do huet déi jonk Spillerin gesinn, datt Basket hier Spaass géif maachen.

Fir Basket op héijem Niveau ze spillen, muss een natierlech vill trainéieren. En plus, aus der Vue vum Anne Simon, war do de Sportlycée, dee voll hannert der ambitionéierter Spillerin stoung.

Dat nächst Joer sti Studien an Amerika um Programm, mä ier et dozou kënnt, muss fir d’Éischt nach de Premièresexame geschriwwe ginn. Eng ganz wichteg Aufgab, nieft der laanger Basketsaison.

Frou dierft d'Spillerin vum Gréngewald dann och nom leschte Spilldag sinn, wou si an hir Ekipp a leschter Sekonn de Championstitel feiere konnten.