Scho 5 Méint, ier et lassgeet, huet d'Gewënnerin vum leschte Joer zougesot, fir am Oktober op Lëtzebuerg ze kommen.

D'Julia Görges ass aktuell d'Nummer 17 op der Welt. Déi 30 Joer al däitsch Profi-Spillerin huet an hirer Karriär 7 WTA-Tournoie gewonnen. Een dovunner d'lescht Joer op der Kockelscheier. D'Julia Görges verbënnt net nëmmen wéinst dëser Victoire schéin Erënnerungen mat Lëtzebuerg a kënnt och dowéinst erëm zeréck.

D'Julia Görges bréngt net nëmme gudden Tennis mat op Lëtzebuerg, mee sécherlech och d'Supporter aus Däitschland. D'lescht Joer hu bal 20.000 Leit den Tournoi besicht an d'Biller vun de Matcher hunn iwwer 5 Millioune Spectateuren erreecht. Den Tournoi huet net nëmmen um Circuit eng gutt Renommée, mee och bei bei den Tennis-Fans. Dofir loosse sech d'Organisateuren all Joers eppes Neies afalen. Geplangt ass eng ganz besonnesch Players Night.

Den Henri Leconte hält d’Laudatio, den "Let’s Dance"-Juge Joachim Llambi féiert duerch de Programm an den Thomas Anders suergt fir Stëmmung.

D'Lescht Joer huet d'Mandy Minella de Jana Novotna Award gewonnen. Fir déi nächst Editioun hofft d'Lëtzebuerger Nummer 1 och endlech, um Kockelscheier-Terrain e Succès ze feieren. Dat selwecht gëllt fir d'Eléonora Molinaro, déi wahrscheinlech an der Qualifikatioun opschléit.