Den T71 huet zwar d'Finall vum Championnat géint de Gréngewald verluer, ma nawell hunn d'Damme vun Diddeleng eng richteg staark Saison gespillt.

Elo verloossen allerdéngs 3 ganz wichteg Personnagen de Veräin. Den Trainer Thierry Kremer verléisst de Veräin no 4 Joer, hie gëtt ersat vum Andrea Harris.

Och mussen déi Diddelenger hiren Amerikanerinne Shalonda Winton an Jessica Lindstöm Äddi soen.

D'Shalonda Winton huet sech entschloss, net méi an Europa ze spillen an d'Jessica Lindström sicht an der Belsch een neien Challenge.

Wien déi 3 an der Ekipp vum T71 ersetze soll, ass nach net gewosst. Der jonker Ekipp vun Diddeleng dierft allerdéngs net vill am Wee stoen, fir och déi nächst Saison mat vir bäi ze spillen.