Virum leschte Spilldag an der Éierepromotioun stinn déi zwee direkt Of- an Opsteiger scho fest. D'Plaze fir d'Relegatioun sinn iwwerdeems nach net fix.

Ee Spilldag viru Schluss stinn déi zwee direkt Opsteiger an Ofsteiger fest.

An der Lëtzebuerger Futtballnationaldivisioun spillt vun der nächster Saison un den FC Rodange an d'Millebaach. De Schrëtt an déi 1. Divisioun muss iwwerdeems Wuermer a Sandweiler untrieden.

Um leschte Spilldag entscheet sech dann nach, wien d'Barragëmatcher spille wäert, woubäi villes no enger 3. Plaz fir Hesper ausgesäit.

Ierpeldeng ka Biissen iwwerdeems nach bei enger Victoire um leschte Spilldag iwwerhuelen - gläichzäiteg däerf Biissen zu Jonglënster awer net punkten. Kanech a Jonglënster dierften aus dem Schneider sinn.