An der Nationale 2 am Härebasket war et um Sonndeg d'Nouvelle, datt de Zoran Jovicic neien Trainer beim BC Mess gëtt.

Do trainéiert hien dann och säi Jong Luka Jovicic. Allebéid waren déi vergaange Saison bei der Résidence Walfer ënner Kontrakt. De Luka als Spiller an der éischter Ekipp. De Zoran war Trainer vun de Walfer Dammen.