Den 1. FC Köln huet en neien Trainer fonnt. Et ass den Achim Beierlozer, dee vu Jahn Regensburg kënnt.

An der zweeter Bundesliga steet Köln jo als éischten Opsteiger fest. De Markus Anfang hat virun 2 Woche säin Hutt beim Tabelleleader missen huelen, nodeems Köln 4 Matcher hannerteneen net méi gewonnen hat.