Duerch de Forfait vun zwou Russinnen ass d'Lëtzebuergerin elo an den Haapttableau gerutscht.

An enger éischter Phase haten der Lëtzebuerger Tennisspillerin 2 Plaze gefeelt, fir beim 2. Grand Slam vun der Saison direkt am Haapttableau ze sinn. Duerch d’Forfaite vun de Russinnen Sharapova an Makarova rutscht déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora elo bei de French Open zu Paräis awer no.