E Mëttwoch den Owend goufen am Dammefuttball d'Halleffinalle vun der Coupe des Dames gespillt.

D'Entente Wuermer / Mënsbech / CSG konnt sech hei mat 3:1 géint Mamer behaapten an esou den Ticket fir d'Finall léisen.

Géigner ass do de Racing. Si hu kloer mat 5:1 géint den Titelverdeedeger Jonglënster gewonnen.

D'Finall gëtt den 1. Juni gespillt.