Am Basket goufen de Weekend an der Coque d'Coupe-Finalle vun deene Jonke gespillt.

Um Samschdeg konnte sech an de Kategorië Scolaires, Fillettes a Cadettes all Kéier Favoritte kloer duerchsetzen.

No der Victoire op 30 Punkten am Championnat ass d'Sparta Bartreng mat vill Confiance an de Match gaangen. Nodeems si den éischte Véierel mat 23:9 kloer gewonnen hat, huet sech d’Sparta am zweete Véierel méi schwéier gedoen, dat och well d’Amicale ëmmer besser vu bausse getraff huet. Esou konnt Steesel am zweete Véierel 4 Punkte gutt maachen an huet bei 29:39 op 10 Punkte verkierzt. Den drëtte Véierel krut d’Sparta dem Trainer seng Taktik nees besser ëmgesat. Beim Score vu 47:65 hätt wuel kee méi mat der Amicale Steesel gerechent, ma si hu gekämpft an de Virsprong no a no schmëlze gedoen.

De Fanblock vun der Sparta Bartreng huet gespuert, datt hir Ekipp méi Ënnerstëtzung bräicht. Dat huet deene roude Kraaft ginn a si hunn hir Iwwerleeënheet ënnert dem Kuerf genotzt, fir de Match um Enn kloer mat 84:68 ze gewannen an eng weider Jugend-Coupe an de Palmarès anzeschreiwen.

D’Sparta ass jo bekannt fir hir gutt Jugendaarbecht, ma dëst Joer huet de Bartrenger Veräin et just mat zwou Ekippen an d'Youth Cup Finals gepackt.

Keng Konkurrenz hat den T71 bäi de Fillettes, déi de BC Mess an der Finall vun der Coupe mat 62:34 dominéiert hunn. Ma dovu war an der éischter Halschent näischt ze spieren. Déi Gréng hunn dem Favorit aus der Forge du Sud de Bas gehalen. No den zwee éischte Véierel stoung et 26:26 gläich. Ma de Bc Mess hat den drëtte Véierel komplett verschlof an dësen mat 2 zu 26 Punkte verluer. Domat stoung de Gewënner eigentlech scho fest. Den T71 hat mam Faith Etute eng Spillerin déi alleng scho 24 Punkte marquéiert huet.

No den Defaitten am Championnat muss sech de BC Mess deemno och an der Finall vun der Coupe mat der Sëlwermedail zefridde ginn.

Am leschte Match hu bei de Cadettes den T71 géint de Basket Esch gespillt. Den éischte Véierel goung opgrond vun der besserer Quote bäi de Rebounden un Diddeleng. Den zweete Véierel hunn déi Escher besser als Ekipp zesumme gespillt a kloer fir sech decidéiert. Ma de Buzzer Beater vum Julier Nilles kuerz virun der Paus huet den Diddelenger Motivatioun ginn. Diddeleng huet den Escher an der ganzer zweeter Halschent just nach 15 Punkten zougestan an um Enn kloer mat 72:49 d’Coupe mat op Diddeleng geholl.

Basketball: Youth Cup Finals an der Coque
Am Basket goufen de Weekend an der Coque d'Coupe-Finalle vun deene Jonke gespillt.