Kuerzfristeg hat den Triathlon d'lescht Joer missten ofgeblose ginn. Et ginn eng 60 Leit fir d'Organisatioun gebraucht, an et haten der 4 gefeelt.

Dëst Joer huet alles geklappt, just de Maacher Fiess huet sech net un de Code de la route gehalen.

Mam Oliver Gorges an dem Eva Daniëls waren eis 2 beschten Nowuess-Triathleten um Depart.

D'Eva Daniëls huet dës Saison schonn e puer e puer exzellent international Resultater opzeweisen. D'Schülerin vum Sportslycée gehéiert zu den 20 beschten Juniorstriathletinne weltwäit an huet virun 2 Wochen eng Sëlwermedail vun der Aquathlon-Weltmeeschterschaft bei de Juniorinnen an eng 4. Plaz bei der Elite mat heem bruecht.

Mat sou engen Resultater huet déi jonk Triathletin Selbstvertrauen getankt. An 2 Woche steet mat der Europameeschterschaft an Holland den nächsten grousse Rendezvous virun der Dir.

Keng Triathletin konnt der 17 Joer aler Sportlerin zu Maacher d'Waasser reechen. Déi 2. Plaz ass fir d'Haitske Overbeek.

Den Oliver Gorges, deen zu Maacher wunnt, hat schonn no de 500 Meter Schwammen e groussen Ecart hiergestallt. Den Ecart ass weider gewuess no den 20 Kilometer Vëlo an den 5 Kilometer am Lafen.

Souverän gewënnt de Vizeeuropameeschter am Aquathlon vun 2016 de Maacher Triathlon.