E Sonndeg huet de Progrès Nidderkuer um leschte Spilldag nach de Sprong op déi 4. Plaz gepackt.

An hätt elo am Fall, wou den F91 d'Coupe géint d'Etzella géif wannen, nach de Sprong an d'Europa-League-Qualifikatioun gepackt.

Een Undeel heirun huet och de Mario Mutsch, de Lëtzebuerger Rekordnationalspiller souz déi lescht zwee Matcher op der Trainerbänk.

AUDIO: Schluss fir de Mario Mutsch/Reportage Jeff Kettenmeyer

De Mario Mutsch hat jo schonns annoncéiert, datt seng Spillerkarriär no dëser Saison eriwwer wier. De Rekordnationalspiller mat 100 Lännermatcher wiesselt elo als Trainer eriwwer an d'Futtballschoul vun der FLF.

An de leschten 10 Deeg huet de Mario Mutsch als Interimstrainer zu Nidderkuer et nach fäerdeg bruecht, d'Ekipp op déi 4. Plaz ze bréngen, elo muss een aus Sicht vum Progrès nach hoffen, datt den F91 d'Coupe gewënnt.

Ouni Zweiwel huet de Mario Mutsch de Lëtzebuerger Futtball an de leschte Jore säi Stempel opgedréckt. Ervirzehiewen, bleift och déi virbildlech Astellung, déi de fréiere Profi hat.

Als Ofschloss vu senger Karriär als Spiller ass de Mario Mutsch nach Deel vun Nationalekipp fir den Testmatch den 2. Juni géint Madagaskar.