Den Tim Walter, deen dës Saison nach bei Holstein Kiel op der Trainerbänk souz, huet elo e Kontrakt beim VfB Stuttgart ënnerschriwwen.

Eigentlech stoung hie schonns méi laang als Nofolger vum Willig fest, ma hien hat zu Kiel nach e Kontrakt bis 2020. Dofir huet de VfB elo knapp 1 Millioun un den Zweetligist iwwerwisen. Zu Stuttgart gëtt hien also Successeur vum Nico Willig, deen als Interimstrainer iwwerholl hat, nodeems de Markus Weinzierl huet misse Plaz maachen.