No de Spekulatiounen iwwert e Wiessel huet de Paris Saint-Germain verséchert, dass de Kylian Mbappé dem Club aus der franséischer Haaptstad erhale bleift.

De PSG an de Mbappé wieren zanter zwee Joer ganz enk matenee verbonnen an dat wier och déi nächst Saison de Fall, sou de Veräin e Méindeg den Owend op Twitter.

Nodeems hien zum beschte Spiller vun der Saison an der Ligue1 gewielt gi war, waren e Sonndeg Spekulatiounen iwwert ee Wiessel opkomm. Den 20 Joer ale Kylian Mbappé war virun 2 Joer vum AC Monaco bei de PSG gewiesselt. Dësen Transfert hat deemools mat 180 Milliounen Euro zu Buch geschloen. Säi Kontrakt leeft nach bis Enn Juni 2022.