D’Golden State Warriors stinn an der Finall vun der Nordamerikanescher Basketball-Liga NBA, dat scho fir déi 5. Kéier hannerteneen.

De Champion huet sech an der Nuecht op en Dënschdeg no Verlängerung 119 op 117 bei de Portland Trail Blazers duerchgesat, an wënnt d’Conference-Finall domat glat mat 4 Victoiren zu 0.

An der Finall kréie si et elo entweder mat Milwaukee oder Toronto ze dinn. Do steet et an der Serie Best-of-Seven eréischt 2-1.