Cheftrainer vun der 1. Ekipp gëtt de Christian Lutz, deen des Saison an der Futtballschoul vun der FLF war.

Co-Trainer gëtt de François Papier, dee vun der Fola kënnt, a Goalkeepstrainer ass de Rëmelenger Jérome Winckel.

D'USR ass jo nees an d'Éierepromotioun ofgestigen. An de leschte Wochen hat de President Gerard Jeitz den Interim um Trainerposte gemaach, nodeems de Sven Loscheider opgehalen hat.