De Jeff Strasser bleift och d'nächst Saison definitiv Trainer bei der Fola. Dat huet eis de President vun deenen Escher am RTL-Interview cofirméiert.

An de leschte Wochen war jo ze héieren, datt aus finanzieller Siicht um Gaalgebierg e bësse méi kleng Bréidercher misste gebak ginn.

AUDIO: Wéi geet et op der Fola weider? / Reportage Franky Hippert

Dat huet domat ze dinn, datt am Laf vun der Saison en décke Sponsor beim Vizechampion ewech gefall ass. De Mauro Mariani huet awer ënnerstrach, datt et sech dobäi net ëm de Gérard Lopez handelt, deen nach ëmmer am Club aktiv an ass. Et wëll een awer net soen, wien de Sponsor ass, deen ewechgefall ass, well dëst intern Saache sinn.

Den Éierepresident vun deene Rout-Wäissen géif dem Veräin nach ëmmer hëllefe Sponsoren ze sichen, an d'Zesummenaarbecht mat Lille soll an Zukunft intensivéiert ginn. An Zukunft sollen d'Jugendspiller vun der Fola och nees méi d'Méiglechkeet kréien, an der éischter Ekipp Fouss ze faassen. Do soll d'Aarbecht an der Jugend selwer intensivéiert ginn an déi Jonk sollen och méi, wéi dat aktuell de Fall ass, an de Kader agebonne ginn.

Et ginn awer wuel Verännerungen am Kader, deen awer nach weider Kompetitiv soll bleiwen. Aktuell steet de Kader fir déi nächst Saison nach net komplett, och wa vill Spiller scho gesot hunn, datt si wëlle weidermaachen. Spiller, déi awer net wëlle bleiwen, wëll d'Fola net mat aller Muecht halen an déi wäerte wuel kënne goen. Mat verschiddene Spiller ass een aktuell awer och nach an den Negociatiounen.

Wat déi nei Spiller am Seniorsberäich uginn, wollt de Mauro Mariani nach net ze vill verroden.