D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech am 1. Tour vum WTA-Tournoi zu Nürnberg mat 6:1, 3:6 an 2:6 géint d'Katerina Siniakova aus Tschechien misse geschloe ginn.

D'Lëtzebuergerin steet aktuell an der Weltranglëscht op 98. Plaz. Hir Géignerin aus Tschechien, déi bei dësem Tournoi op 2 gesat ass, steet op der 43. Plaz.

E Mëttwoch war et allerdéngs iwwerraschenderweis d'Lëtzebuergerin, dat de bessere Start an de Match erwëscht hat. Si konnt direkt mat 3:0 a Féierung goen a konnt am Uschloss esouguer den 1. Saz mat 6:1 gewannen an huet also nëmmen ee Jeu missen ofginn, dat allerdéngs bei eegenem Service. Dat heescht awer och, dass si 3 Breaks realiséiere konnt.

Am zweete Saz ass et dunn net méi esou gutt gelaf fir d'Spillerin vun der Spora. Hei louch si nämlech séier mat 1:4 zeréck. D'Minella huet awer eng richteg staark Reaktioun gewisen. Si konnt hiren Opschlag duerchbréngen, fir op 2:4 ze stellen an am Uschloss huet ee Break d'Lëtzebuergerin nees op 3:4 erubruecht. Allerdéngs konnt d'Siniakova ee Re-Break realiséieren an da bei eegenem Service de Saz mat 6:3 fir sech entscheeden.

Et goung also an een decisiven drëtte Saz an hei huet awer d'Tschechin de bessere Start erwëscht, si konnt dem Mandy Minella nämlech direkt am éischte Jeu de Service ofhuelen. Séier stoung et dunn och 2:0 fir d'Siniakova, ier d'Lëtzebuergerin op 1:2 verkierze konnt. Duerch ee weidert Break konnt d'Tschechin dunn esouguer op 4:1 dovunzéien. D'Mandy Minella huet bis zum Enn gekämpft, ma schlussendlech verléiert déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora den drëtte Saz mat 2:6 an ass domat eliminéiert.