Am nächste Match vun de Playoffs trëfft dann elo Lens op den FC Troyes, bei deem de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins spillt.

A Frankräich gëtt d'Relegatioun an dräi Phase gespillt. Am éischte Match musse de 5. (Lens) aus der Ligue 2 bei de 4. (Paris FC) aus der Ligue 2 op Besuch. De Gewënner vun dësem Match spillt dann auswäerts beim 3. (Troyes) aus der Ligue 2. De Gewënner dovunner spillt en Aller-Retour géint den 18. (aktuell Caen) aus der Ligue 1. An de Vainqueur vun deenen zwee Matcher spillt dann déi nächste Saison an der héchster franséischer Spillklass.

Lens ass beim éischte Match vun de Playoffs besser gestart a konnt an der 16. Minutt duerch den Ambrose an Féierung goen, dëse Gol war dann och zum selwechten Ament den Stand an der Paus.

Et sollt e Match mat wéineg richtege Golchance sinn. Bis zu der 75. Minutt hat all Ekipp eng Kéier e Ball op de Gol bruecht, dee vu Lens war dobäi direkt am Netz gelant. Iwwerhaapt hat, wat d'Schëss ugeet, Paräis d'Nues vir, ëmmerhin hate si nach 6 Mol nieft de Gol geschoss, Lens just eng Kéier.  Et huet bis an déi 93. Minutt gedauert, bis Paräis sech beloune konnt. E Corner vum Pitriopa lannt beim Maletic, deen d'Chance notze kann. Domadder erzwéngen déi Paräisser a quasi leschter Minutt eng Verlängerung an engem Match, dee si dominéiert hunn.

Ma an der Verlängerung sollt keng Entscheedung falen, esou datt et an d'Eelefmeterschéissen huet misste goen. Déi éischt 4 sinn ergaangen, ma beim 3. Versuch fir Paräis huet de Perraud just de Potto getraff. Et war deen eenzegen Eelefmeter, deen net eragaangen ass, esou datt d'Lens sech fir déi zweete Ronn vun de Playoffs ka qualifizéieren.