En Dënschdeg huet de BBC Etzella Ettelbréck bekannt ginn, dass d'Dragana Zoric vun nächster Saison un d'Dammenekipp aus dem Däich trainéiere wäert.

D'Dragana Zoric iwwerhëlt domat d'Successioun vum Amadeo Dias, dee säi Kontrakt net verlängert krut. D'Zoric hat schonns déi lescht zwee Joer verschidde Jugendekippen zu Ettelbréck trainéiert.

Nieft der neier Trainerin wäert mam Lynn Kaufmann aus Richtung Bartreng eng Spillerin kommen, fir d'Ekipp ze verstäerken.

Dës Saison haten d'Damme vun der Etzella jo an der Halleffinall vum Championnat an der Best-of-3-Serie géint den T71 Diddeleng de Kierzere gezunn.

Offiziellt Schreiwes

Le BBC Etzella vous informe que le poste d’entraineur de son équipe Dames pour la saison 2019-2020 sera confié à Dragana Zoric. Dragana s’est occupée d’un certain nombre d’équipes jeunes du BBC Etzella lors des 2 dernières saisons. De plus le BBC annonce l’arrivée de Lynn Kaufmann en provenance du Sparta Bertrange pour renforcer l’équipe Dames.

Nous souhaitons beaucoup de succès à Dragana dans son nouveau challenge ainsi que la bienvenue à Lynn.