Nodeems de BVB d'Bundesliga-Saison 2018/2019 op der zweeter Plaz ofgeschloss huet, ware si schonns ganz aktiv um Transfert-Maart.

Den Transfert vum Nico Schulz, dee fir 25 Millioune vun Hoffenheim op Dortmund wiesselt, war jo schonns sécher an e Mëttwoch de Moie koum dunn och déi offiziell Bestätegung, dass den Thorgan Hazard vu Borussia Mönchengladbach fir 25,5 Millioune bei déi Schwaarz-Giel wiesselt. Weider wiesselt och de Mateu Morey vum FC Barcelona op Dortmund.