Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Arno Bonvini och d'nächst Saison Trainer vu Munneref bleift.

Dëst huet de Veräin E Mëttwoch offiziell matgedeelt. Den Duo Bonvini/Beck hat eréischt viru Kuerzem nees iwwerholl, dat nodeems dem Arno Bonvini säin Engagement zu Déifferdeng op en Enn gaange war.

Éier de Bonvini op Déifferdeng gewiesselt war, huet den Duo Bonvini/Beck d'Ekipp vu Munneref schonns vun 2013 bis 2018 trainéiert.

Zu de gréissten Erfolleger gehéiert den Opstig an d'BGL Ligue am Joer 2014 an d'Erreeche vun der Finall vun der Coupe am Joer 2016. D'Saison 2019/2020 wäert dann déi 6. Saison hannerteneen an der héchster Divisioun fir Munneref sinn.

Offiziellt Schreiwes

En date du mardi 21 mai 2019, le Conseil d’Administration de l’US Mondorf ainsi que les entraîneurs BONVINI et BECK ont pris la décision de prolonger la collaboration au delà de la saison en cours. Le duo BONVINI-BECK reprendra l’équipe pour la saison 2019-2020. Abdeljalil KELLA demeure notre entraîneur des gardiens.

Patrick KUGENER occupera le directeur sportif du club, épaulé de notre ancien joueur Almin BABACIC.

Pour rappel, le duo BONVINI-BECK était déjà à Mondorf d’avril 2013 à juin 2018. Sous les rênes d’Arno BONVINI notre club est monté en Ligue BGL en 2014 et a atteint la finale de la Coupe de Luxembourg en 2016 et entame sa 6ème saison consécutive au niveau le plus haut.