Vun en Donneschdeg un a bis e Sonndeg ass zu Keespelt am Reitsport ee Concours d’Attelage international.

Op lëtzebuergesch Kutschefueren, awer op héijem sportlechem Niveau. E Freideg ass Dressur als épreuve, e Samschdeg Keelefueren an e Sonndeg Marathon.

Spektakulär ass et schonn dat Kutschefueren als Sport. Wéinstens mol déi Epreuve, déi Marathon heescht.

Hei muss alles stëmmen: D’Koordinatioun vum Fuerer mat sengem Päerd, awer och mat sengem Bäifuerer. Well wann deen an de Kéieren den Equiliber net kann halen, doduerch datt e sech op déi richteg Säit sëtzt, da kippt d’Kutsch ganz einfach ëm.

Och fir d’Päerd keng einfach Saach: dauernd Richtungswiessel an dann erëm unzéien an ofbremsen. Mee keng Angscht, déi Päerd si Leeschtungssportler a gutt trainéiert.

Manner spektakulär, awer grad sou interessant ass d'Epreuve Keelefueren. Hei muss d’Kutsch duerch bis zu 20 Dëppercher fueren, wou en Tennisball drop läit, dee selbstverständlech net däerf eroffalen.

Am Concours muss deeselwechte Reider mam selwechte Päerd déi 3 Epreuvë fueren. Et muss een deemno ganz villsäiteg sinn. Power muss do sinn, awer och Nerve muss een hunn a Rou an der Epreuve vun der Dressur. Dat gëllt natierlech och fir d’Päerd.

Wien elo Loscht kritt huet op spannende Sport, dee kann jo de Weekend e klengen Ausfluch op Keespelt maachen.