Den Hollänner Michael van Gerwen huet d'Premier League of Darts 2019 gewonnen.

Den Titelverdeedeger huet sech an enger héichklasseger Finall kloer géint de Rob Cross duerchgesat. Den Hollänner gewënnt d'Premier League of Darts domat fir déi 4. Kéier hannerteneen. De Weltranglëschtenéischten huet bei de Playoffs zu London d'Finall mat 11:5 géint de Rob Cross gewonnen a kritt domat och ronn 280.000 Euro Präisgeld.

"D'Gefill, d'Premier League ze gewannen, verännert sech nie. Et bedeit mir immens vill", huet de Van Gerwen betount.

De van Gerwen huet am Match vun Ufank u kloer den Toun uginn a war dominant, och wann de Cross tëschenduerch nach eemol erukomm ass, esou hat den Englänner um Enn awer keng Chance. Den Hollänner huet op en Neits mat 103,36 ee richteg gudden 3-Dart-Average gespillt an hat och mat 45,83% eng gutt Quot op d'Duebel-Felder.

Fir "The Green Machine" ass et schonns de 5. Premier-League-Titel. An de leschte 7 Joer stoung hien allkéiers an der Finall.