E Sonndeg huet zu Roland Garros den Haapttableau vum 2. Gran Slam Tennis Tournoi vun der Saison ugefaangen.

E Méindeg kritt d'Mandy Minella, déi eenzeg Lëtzebuergerin bei de French Open, et mam Anastasia Pavluychenkova ze dinn. An der Weltranglëscht ass d'Russin als Nummer 37 ganzer 61 Plaze besser klasséiert wéi d‘Minella.

De Match ass e Méindeg den 2. Match no 11 Auer, esou datt et kaum virun 13.30 Auer dierft lassgoen.

Bis elo gouf et 1 Mol deen Duell. 2014 hat déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora sech bei den Australian Open an 2 Sätz misse geschloe ginn. D‘Minella ass bei 5 Participatiounen am Haapttableau zu Roland Garros, nach net iwwert déi 1. Ronn erauskomm.