E Samschdeg den Owend gouf a Spuenien d'Finall vun der Copa del Rey gespillt. Barcelona huet sech hei misse mat 1:2 géint Valencia geschloe ginn.

Dem FC Barcelona ass ee Gol vum Messi an der 74. Minutt net duergaangen, fir sech a Spuenien nom Championstitel och d'Copa del Rey ze sécheren. Valencia hat nämlech an enger staarker éischter Hallschent duerch de Gameiro an der 22. Minutt an de Rodrigo Moreno an der 34. Minutt zwee Goler markéiert.

Fir Valencia, déi sech um Enn mat 2:1 duerchgesat hunn, ass et déi 8. Victoire an der Copa del Rey.