Dat wat mer d'lescht Woch exklusiv annoncéiert haten, huet sech lo confirméiert.

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Dirk Carlson huet e Sonndeg de Moien e Profikontrakt zu Karlsruhe ënnerschriwwen. Den 21 Joer ale Lénksverteideger war lo déi lescht 2 Saisone bei de Grasshoppers vun Zürich.

De KSC ass dëst Joer nees vun der drëtter an déi zweet Bundesliga opgestigen.