Traditionell op Christi Himmelfaart invitéieren de COSL an d’Sportfederatiounen aus dem Land op d’Spillfest op der Kockelscheier.

Traditionell op Christi Himmelfaart invitéieren de COSL an d’Sportfederatiounen aus dem Land op d’Spillfest op der Kockelscheier. Ënnert dem Motto „Sport a Spill fir d’ganz Famill“ kënne Kleng a Grouss hei déi verschiddenst Sportaarten entdecken a gratis ausprobéieren.

Dëst Joer waren nees ronn 40 Atelieren organiséiert ginn, déi sech un ënnerschiddlech Alterskategorien adresséiert hunn. All Participant krut eng Kaart, déi vun de jeeweilege Federatioune mat Stempele gefëllt gouf, fir esou um Enn en T-Shirt an eventuell och e Kaddo aus der Tombola ze gewannen.